D’ASTI fënnt et gutt a wichteg, dass e gesetzleche Kader geschaf gëtt, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze reegelen a weiderzebréngen. Den Avantage vun engem Gesetz, dat zu deem Zweck just dräi Gremie schaaft, e Kommissär, e Centre an e Conseil, déi sech hoffentlech net wäerte géigesäiteg op d’Féiss trëppelen, ass, dat et kaum kann instrumentaliséiert ginn vun deenen Téinerten, déi d’Lëtzebuerger Sprooch benotzen, fir Sträit ze séien an zu Friemenhaass opzestëppelen. Souwisou réieren déi kee Fanger fir deenen, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren, eis Sprooch méi no ze bréngen.

D’ASTI awer handelt. Hir Mataarbechter an hir zuelräich Benevoller sinn um Terrain; si kennen d’Mënschen, déi bei eis kommen a komm sinn; si kennen hir Bereetschaft fir Lëtzebuergesch ze léieren an awer och hir Bedierfnisser an hir Schwieregkeeten. Zënter Joren offréiert d’ASTI fir Lëtzebuergesch ze léieren, Couren a Gespréichstraining, gëtt Dictionnaire, Léierbicher a Methoden eraus, fir eenzel Leit, Schoulen a Gemengen.

Vum Plan d’action, dee laut Gesetz de Kommissär och fir d’Léiere vum Lëtzebuergeschen fir déi nächst zwanzeg Joer soll ausschaffen, hänkt also ganz vill of. Dofir wär et wichteg gewiescht, sech haut eng Partie Gedanken driwwer ze maachen, wat fir Ziler ee mat dësem Gesetz erreeche wëllt, amplaz d’Feld deenen ze iwwerloossen, déi op Facebook behaapten, an zwanzeg Joer géife mir dach nëmme méi arabesch schwätzen.

Eis Sproochesituatioun ass a permanenter Entwécklung an dat wäert nach esou weider goen. Hei e puer Erfarungen aus der Realitéit, wéi si sech a leschter Zäit entwéckelt huet:

– mat der rasanter Ausdeenung vun der englescher Sprooch hëlt an alle Beräicher d’Dominanz vun enger eenzeger Sprooch of;

– am formelle Beräich kënnen zur Zäit 7.000 Leit eng Offer fannen, fir Lëtzebuergesch ze léieren; dat geet vir an hannen net duer, well d’Demande vill méi grouss ass. Wärend där Zäit explodéiert den Interessi fir Lëtzebuergesch ze léieren am informelle Beräich, dee vun den engagéierten Associatiounen an de Betriber ofgedeckt gëtt. Och déi franséisch Frontaliere sinn derbäi méiglechst vill Couren ze suivéieren, fir Lëtzebuergesch ze léieren;

– wann ee bedenkt, dass déi meeschte Mënschen, déi bei eis kommen, als éischt Integratiounssprooch Franséisch musse léieren, fir eng Aarbecht ze fannen, an duerno eng zweet Integratiounssprooch, Lëtzebuergesch, léieren, well si et normal fannen, dass een zu Lëtzebuerg och Lëtzebuergesch schwätzt, gesäit een, wat fir e gewaltegen Effort si bereet sinn ze maachen.

Et gesäit een awer och, dass déi géigewäerteg Offer ni wäert duer goen: 60 an 120 Stonnen am Contrat d’accueil et Intégration CAI, maximal 200 Stonnen am Congé linguistique deen nëmmen fiert Lëtzebuergescht gëllt (zum Vergläich:an Däitschland 600 Stonnen). Schonns guer net, wa kéng Méiglechkeet besteet, dat, wat geléiert ginn ass, ze praktizéieren. D’ASTI huet Modeller entwéckelt (Sproochcoaching, Sproochdëscher, Sproochpraxis an Zesummenhang mat Intensivcouren) déi et méiglech maachen, dass dat Lëtzebuergescht, dat geléiert ginn ass, wierklech ugewannt an net vergiess gëtt.

An deenen Aktivitéiten sinn ëmmer Benevoller mat Auslänner zesummen; et kënnt also duerch d’Gespréicher och zu engem bessere géigesäitege Versteesdemech.

Natierlech kann de Staat a seng Verwaltung esou eng Aarbecht net op sech huelen. Soll hien och net. Mee de Staat kann, wann engagéiert Associatiounen oder Gemengen Initiativen ergräifen, si ënnerstëtzen, z.B. bei der Organisatioun an dem Finanzement. Et ass schued dass am Gesetzesprojet de Staat sech drop beschränkt sech dräi Gremien ze schafen an net dru geduecht ginn ass, wéi wichteg an den nächsten zwanzeg Joer d’Aktioun vun de Gemengen, den Associatiounen, an engagéierte Bierger wäert sinn. Am Projet geet Riets vun „encourager l’apprentissage de la langue luxembourgeoise“. D’ASTI fäert weiderhin, dass dëst Gesetz, dat op Drock vun deenen zustane komm ass, déi d’Lëtzebuergesch wëllen an enger Schoul forcéieren, déi ees ewéi ees sozial segregativ ass, kontraproduktiv fir d’Bildung vun alle Lëtzebuerger Kanner ass. Mat méi Lëtzebuergesch a manner Franséisch oder Englesch ass kéngem gehollef a schonns guer net der Qualitéit an engem Kontext vun internationaler Kompetitivitéit an Digitaliséierung, déi eis Politik esou lues entdeckt.

Am Resumé: 1. net nëmme staatlech Gremien, déi e Kader schafen, mee och eng Zukunftsvisioun mat z. B. méi Couren, méi Ënnerstëtzung an Encadrement fir déi Leit, déi lëtzebuergesch léiere wëllen, a fir déi Gemengen an Associatiounen déi lëtzebuergesch Couren resp. praktesch Hëllefen fir d’Praxis ubidden 2. an der Schoul et beim Optionale loossen.

ASTI asbl

Press

© moien.lu 15.05.18: liesen