« Um Weltfraendag geet vill Rieds iwwert d‘Ongläichheeten, déi et nach ëmmer tëscht de Geschlechter ginn.

Dobäi si Fraen a vulnerabele Positiounen dacks nach méi staark betraff. Dorënner zum Beispill Migrantinnen, déi ouni Pabeieren hei am Land wunnen a schaffen.

Bei der Asti, also der Associatioun, déi sech fir Migranten hei am Land asetzt, gesäit een dacks, dass Fraen ouni Pabeiere Gewalt erliewen oder op hirer Aarbechtsplaz exploitéiert ginn, ma refuséieren dowéinst eng Plainte bei der Police ze maachen. Dat well hiren Dossier dann direkt un d‘Direction de l‘immigration weidergereecht gëtt. »

Translate...