« Wann ee seet, meng Experienz ass méi wichteg ewéi déi vun enger Etüd, da muss ee sech froen, ob eng wëssenschaftlech Fuerschung iwwerhaapt nach e Wäert huet », seet d’Asti-Presidentin Laura Zuccoli an hirer Reaktioun op dem Fred Keup seng Aussoen als « Invité vun der Redaktioun ».

D’Asti-Presidentin hat an enger Carte Blanche ënnert anerem gesot, datt laut Etüde besonnesch kapverdianesch Jongen an der Schoul nach ëmmer massiv a Filièren orientéiert ginn, an deenen si keng oder ganz wéineg Qualifikatiounen erreechen.

An de Freud Keup hat sech do dogéint gewiert, hien hätt esou eppes a senger Karriär als Proff nach net erlieft. Am Virfeld war et schonns zu enger Online-Attack vu Facebook-User op d’Presidentin vun der Asti komm, nodeems den ADR-Deputéierten e provokative Post op d’Plattform gesat hat.

Laura Zuccoli: « A wann d’Leit sech dann op der Facebook-Säit esou wuel fillen, datt se da Saachen drop schreiwen ewéi ‘Schued, datt et Hexeverbrennungen net méi ginn’ an ‘esou eng Madamm soll een eliminéieren’, da stellen ech mer awer Froen.“

An enger éischter Reaktioun zum originale Facebook-Post vum Deputéierte Fred Keup an de Kommentaren drënner hat d’Asti-Presidentin Plainte géint X gemaach. « Ech hu se géint X gemaach, well et ass un der Justiz ze decidéieren, wéi wäit déi Contenuen op der Facebook-Säit waren, ‘incitation à la haine’ duerstellen a mech a Gefor setzen.“

Dobäi wier d’Ausso, datt d’Kapverdianer manner gutt an der Schoulen ewechkommen op Fakte baséiert. „Engersäits well hir Kanner iwwer representativ an de Modulär orientéiert ginn a sech doduerch diskriminéiert gefillt hunn. Dat si Saachen, déi d’Leit gesot hunn, Saachen, déi analyséiert gi sinn, an an enger Etüd festgehale ginn.“

Aktuell läit d »Moyenne vum Stonneloun zu Lëtzebuerg fir Kapverdianer bei 13 Euro d’Stonn. Fir Lëtzebuerger bei knapp 29 Euro.

Et géif net ëm si selwer goen, ma ëm de Prinzip, datt d’sozial Medie genotzt ginn, fir Leit ëffentlech un de Pranger ze stellen. D’Fräiheet, sech auszedrécken, géif do stoppen, wou eng Persoun perséinlech menacéiert gëtt. Och an der Chamber soll „Hatespeech“ elo frësch debattéiert ginn.

Laura Zuccoli: « 3 Deputéierten: d’Josée Lorsché (déi gréng), den Dan Biancalana (LSAP) an d’Carole Hartmann (DP) hunn eng Initiativ geholl. Se hunn en Debat d’orientation gefrot. Ech sinn och frou doriwwer, well et sinn eng ganz Rëtsch Politiker an och Leit, déi mol Victime ware vun esou Menacen.“ Et wier net méiglech, datt Leit, déi sech op wëssenschaftlech Fakte baséieren, menacéiert ginn, well dës net an d’Meenungsbildung vu verschiddene Leit passen, esou nach d’Laura Zuccoli.

© rtl.lu

Translate...