Photo de la présidente de l'ASTI Laura Zuccoli

Haut de Mëtten ass an der Chamber en Debat ronderëm d’Integratioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg. Eng gutt Méiglechkeet, sech e Bild ze maache vun de Visioune vun eisen Deputéierten iwwert d’Zesummeliewen hei am Land. E Land wou 73% vun de Salariés Auslänner sinn, wou d’Hallschent vun den Awunner net Lëtzebuerger sinn, wou nëmmen 38% vun de Lëtzebuerger, déi hei gebuer sinn, zwee Elterendeeler hunn, déi och Lëtzebuerger sinn. Do stellt sech definitiv d’Fro: wien integréiert hei wien?

Translate...