Cours sur ordinateur

Säit e puer Méint leeft an der Asti e Projet fir Sproochen mat engem Benevole via Handy oder Computer ze üben.

Des Sproochen Aktivitéiten goufen geschaafen fir Léit, di eng Sprooch léieren, ze hëllefen hire Vokabulär ze verbesseren an hinnen méi Vertrauen ze ginn sech mëndlech auszedrécken. Emol an der Woch gi Sujeten aus dem Alldag, iwwer Lëtzebuerg oder aus der Famill mëndlech zu 2 op eng locker an onkomplizéiert Aart a Weis via Handy oder Computer beschwat. Ziel ass, dat Leit di ënner anerem Lëtzebuergesch léieren ze hëllefen sech méi liicht an eiser Sprooch ausdrécke kennen

Dobäi begéint den Benevole Mënschen aus aneren Kulturkreesser di bei eis am Land liewen. Des Sprooch Aktivitéiten sinn gratis an bidden eng flott Erfarung eis Land an eis Kultur hinnen méi no ze bréngen.

Eng Sprooch üben via Handy oder Computer ass einfach an huet vill Virdeeler: grouss Flexibilitéit, kee Besoin iergendwou ze goen, keng Gesondheetsmoossnahmen ze befollegen.

Sidd Dir interesséiert lëtzebuergesch Sprooch ze schwätzen mat enger Persoun, déi dës léiert? Dir wëllt Iech als Fräiwëllegen a esou eng virtuell Sproochen-Aktivitéiten bedeelegen?

Da maacht mat bei dësem flotte Projet!

Kontaktéiert manon.zoetaert@asti.lu oder gidd op asti.lu

Translate...