Image de personnes parlant plusieurs langues

Zu Lëtzebuerg ass et net einfach, als Auslänner eis Sprooch ze léieren.

Oft schaffen oder liewen Net Lëtzebuerger  an engem Ëmfeld, wou kaum Lëtzebuergesch geschwat gëtt.

Duerfir bitt d’ASTI a sengen intensiven Lëtzebuergesch Coursen un, de Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, eis Sprooch och praktesch ze üben.

Dat hëlleft hinnen, sech méi fräi a sécher auszedrécken.

Benevolle praktizéieren eis Sprooch mat den Apprenanten wärend de Sproochecoursen ënnert der Opsicht vum Enseignant .

Esou kommen se besser am Cours weider a vill Versteesdemech ensteet an och vläicht nei Frëndschaften.

Mir siche Fräiwëlleger, déi Loscht hätten, matzemaachen!

  • 1 bis 2 Mol an der Woch
  • dënschdes an/oder donneschdes moies

fir Lëtzebuergesch mat eise Schüler ze üben 

E flotten Engagement an eng Geleeënheet, nei Leit aus anere Kulturkreesser ze begéinen.

Ons Course ass momentan online an ons Praxis vun der Sprooch gëtt am Kader vum Cours och online organiséiert.

Wann der wëllt matmaachen

  • Rufft eis un um 43 83 33 1 oder +352 621 452 230
  • oder Schreiwt eis eng mail  martine.oth@asti.lu  
  • oder Gitt op www.asti.lu.

Mir freeën eis, Iech als Fräiwëllege fir des Aktivitéite kënnen ze begréissen!

Translate...