Carte Blanche vum Laura Zuccoli

 

Stad a Land si voller Chantieren. Den Tram gëtt gebaut, d’Stroosseninfrastruktur gëtt verbessert, nei Leitunge gi geluecht, ganz Wunngebidder, Appartement- an Eenzelhaiser schéissen op all Eck aus dem Buedem. D’Aarbechte sollen eng besser Mobilitéit an nohalteg Infrastrukture schafen, de Wunnengsmaart entlaaschten an eng verbessert Liewesqualitéit fir eis all bréngen. Mä gesi mer bei all deem Geschaffs, och di schwéier a penibel Aarbechtskonditioune vun deene villen Aarbechter?

Vill vun eis si genervt, well et am Trafic net virugeet, well all Dag iergendwou anescht geschafft gëtt, vu moies fréi bis owes spéit, samschdes an heiansdo och sonndes oder souguer d’Nuecht duerch. Do kann een nëmmen den Hutt ofdoen, virun all den Aarbechter! Dëse Summer hu si an der praller Sonn misse schaffen, am Gruef bestänneg den Ofgasen an enger Abberzuel Geforen ausgesat, an dobäi verdénge si niddereg Gehälter, di wäit ënnert de Lëtzebuerger Duerchschnëttspaien leien.

Dës Handwierker kommen aus Portugal, vum Balkan oder dem Cap Vert, sinn natierlech frou an dankbar, eng Aarbechtsplaz bei eis fonnt ze hunn, mä kréie kaum Unerkennung fir all di schwéier Aarbechten, déi si ganz oft ënner Konditiounen ausféieren, ëm déi sécher kee se beneit. A wann et ëm besser Aarbechtskonditioune geet, hu si kaum eng Lobby hannert sech.

Den Ament stinn esou vill Aarbechten un, datt d’Baufirme sech batter iwwer de Mangel un Aarbechter bekloen. Eng Ursaach heivir ass natierlech eise Wunnengsmaart. Wéi soll en Aarbechter sech bei eis eng Wunneng leeschten? Bei deene Wucherpräisser, déi mëttlerweil gefrot ginn a mat dem Loun, dee si verdéngen, ass dat quasi onméiglech. Wann d’Baufederatioun elo dovu schwätzt, Extra-Wunnenge fir hir Aarbechter ze bauen, da riskéiere mer an d’Verhältnesser vum 19. Joerhonnert zréckzefalen.

De Staat huet an de leschte Jore systematesch bestoende Wunnraum fir Migrantenaarbechter ofgebaut an denkt offensichtlech net drun, dëser wichteger a rarer Aarbechtskraaft entgéintzekommen. An Europa gëtt et ëmmer méi schwéier, Aarbechter ze fannen . An den Zougrëff op Net-Europäer Aarbechter ass mat eiser aktueller Immigrationslegislatioun net ganz einfach.

An der Finanzwelt, wou och vill Net-Europäer schaffen, këmmere sech spezialiséiert Firmen em d’Openthaltspabeieren, d’Wunnéngssich an d’Zesummeféiere vun de Familljen. Mä dat si jo och keng Aarbechter am Mindestloun…

De Guichet Info Migrants vun der ASTI hëlleft systematesch a gratis den Aarbechter an dëse Froe weider. Mä leider ass e mat enger eenzeger Fachkraaft a mat iwwer 1000 Demanden am Joer hoffnungslos ënnerbesat. Och hei deet d’Politik sech schwéier, dësem wichtege Service weider bluttnéideg Personal ze ginn!

An iwwregens, dës Woch gouf d’Ausstellung “100 Joer Walrecht zu Lëtzebuerg” ageweit. 1919 krute nieft de Fraen och haaptsächlech di kléng Leit d’Wahlrecht. 100 Joer méi spéit hu si erëm kee Walrecht méi. Well de Gros vun hinnen Auslänner sinn.

Translate...