Op der Bün gouf „Les Frontalières“ just eemol opgefouert, ma elo gëtt d’Stéck och nach a Form vu 4 Podcasten op RTL Play diffuséiert.

«Les Frontalières» ass e Projet vum Escher Theater a vun der Asti. D’Grenzgängerinnen-Chronike si 4 Kuerzgeschichten, déi baséiert sinn op Interviewe vu Fraen aus Däitschland, der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.

200.000 Frontalieren, dorënner 70.620 Fraen, kommen all Dag iwwert d’Grenz op Lëtzebuerg. Unhand vun enger Rei Begéinunge wollt een erausfannen, wéi dës Fraen hiert Liewen wouerhuelen, firwat si sech fir dëst Liewen decidéiert hunn a ob si sech als Frontalièren definéieren.

Fiktiv Geschichten, baséierend op Interviewen mat Fraen aus Däitschland, der Belsche, Frankräich a Lëtzebuerg. E Liewen tëschent hei an doiwwer, tëschent Aarbecht an Doheem. E Liewen tëschent zwee Länner.

4 Schauspillerinne – jiddereng vun hinne selwer Frontalière –  ginn hei franséischen, däitschen, belschen a Lëtzebuerger Grenzgängerinnen eng Stëmm, an dat ausgoend vu ronn 40 Interviewe mat Fraen, déi Dag fir Dag op der Rees tëschent zwou Grenze sinn.

Translate...