2022 gouf d’Couverture universelle zu Lëtzebuerg agefouert. Eng laangjäreg Fuerderung vun der Zivilgesellschaft. Mee ass domat den Zougang zur Gesondheetsversuergung wierklech méi einfach gi fir Mënschen, déi vum klassesche System ausgeschloss sinn? Dat freet d’Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen am Fräie Mikro.