![laura_100komma7_2 Photo de la présidente de l'ASTI Laura Zuccoli](https://www.asti.lu/wp-content/uploads/2018/03/laura_100komma7_2.jpeg)
1984 ass Lëtzebuergesch per Gesetz Nationalsprooch ginn. D’Benotzen an d’Wäertschätzung vun dëser Sprooch hunn am Laf vun de Joren enorm zougeholl – an der Politik, wéi och an de Medien oder op de sozialen Netzwierker. Politesch Debate gi bal nach just op Lëtzebuergesch geféiert an dobäi gëtt vergiess, datt mir e méisproochegt Land sinn. Vill vun den auslänneschen Awunner, wéi och de Frontalieren, kënnen dës Diskussiounen net novollzéien, obwuel si e wichtege Bestanddeel vun eiser Gesellschaft sinn, ouni deen eist Land net kéint iwwerliewen, mengt d’Laura Zuccoli.