D’Rentrée steet virun der Dier. Ewéi all Joer kommen elo nees vill Jonker nei op eisen Aarbechtsmaart. Anerer sichen no engem Patron fir eng Léier ze maachen. Vill maache sech Suergen iwwer hir Zukunft – och wéinst den ongewësse Konsequenze vum Covid-19.

A wéi wäit kënnt eise Gouvernement de Jonken aus eiser Gesellschaft entgéint?

Laura Zuccoli, présidente de l'ASTI
Laut Eurostat läit de Chômagetaux an der EU am Juli vun dësem Joer bei 7,7%. Lëtzebuerg läit mat 7,3% ënnert der europäescher Moyenne. Wat opschreckt, sinn d’Zuele vun de jonken Aarbechtslose mat manner ewéi 25 Joer. Dësen Taux louch an der EU am Juli bei 17,3% a bei eis bei 26%. Schlëmmer nach – dësen Taux ass bannent engem Joer ëm 59,1% geklommen!. A mengen Aen eng Katastroph! Déi Jonk ënner 25 Joer hu kee Recht op e Revenu minimum Revis a mat der Covid-Kris hu si et net einfach, eng Aarbechtsplaz ze fannen. D’Adem huet d’Mesurë fir Chômeuren iwwer 45 Joer elo fir Aarbechtsloser ab 30 Joer opgemaach. Mat Primmen an enger geziilter Medie-Campagne solle Patrone motivéiert ginn, Léierplazen unzebidden. Mä geet dat duer?

A ville Stéit, déi souwisou scho manner bemëttelt sinn, hunn d’Eltere wärend der Kris just 80% vum Loun am Chômage partiel krut, se konnten hir kleng Paien net mat Iwwerstonnen opwäerten a munch hunn hir Aarbechtsplaz definitiv verluer. Do ass et immens wichteg, datt d’Kanner finanziell schnell autonom ginn.

Vill kleng Betriber zécken awer, eng Léierplaz oder och nëmmen e Stage unzebidden. Sief et, well se net genuch Aarbecht hunn oder sech finanziell net wëllen engagéieren. Do wiere geziilte Moossname speziell fir Jonker ënner 30 Joer dréngend ubruecht.

Gesond Betriber brauche lafend nei Mataarbechter. Wann elo wärend enger längerer Zäit e Lach bei der Ausbildung vun neie Mataarbechter entsteet, wäerten déi ekonomesch Konsequenzen dovunner wäit iwwer d’Jugendaarbechtslosegkeet eraus reechen an déi ganz Lëtzebuerger Ekonomie betreffen.

International Studie beleeën, dass Jugendlecher, déi weder an der Ausbildung nach an der Aarbecht sinn, en duebel esou grousse Risiko hunn, fir psychesch krank ze ginn. Hiert Akommes wäert, iwwer hiert ganzt Aarbechtsliewe berechent, duerchschnëttlech méi kleng sinn, wéi dat vun hiren Alterskolleegen aus stabille Verhältnesser. Laangfristeg entstinn och doraus Méikäschte fir de Lëtzebuerger Staat.

Generéis Moossname goufe geholl, fir de Betriber ze hëllefen, an dat ass och gutt esou. Mä et gouf keng geziilten Ënnerstëtzung spezifesch fir Jonker. Dobäi siche si jo dacks net nëmmen eng Aarbecht, mä och nach eng Wunneng. Jonker, déi net d’Chance hunn, vun Eltere mat Haus an Terrain ënnerstëtzt ze ginn, musse mat geziilte Moossname vum Staat gehollef kréien. Wéi solle si soss ouni Aarbecht a Garant, eng Wunneng fannen?

Translate...