🔈 Ecoutez la carte blanche de Laura Zuccoli, présidente de l’ASTI, sur le site de RTL Radio Lëtzebuerg.
Ou lisez la transcription ci dessous.
D’Covid-Kris huet fir verschidde Secteure katastrophal Folgen. Besonnesch de Gastronomie-Secteur huet misse seng Aktivitéiten zréckschrauwen. Vill Migrante schaffen an dësem Secteur mat prekäre Kontrakter oder botze bei Privatleit ouni Umeldung. Sie riskéiere stënterlech hiert Akommes ze verléieren an hunn dono dacks kee Recht op Chômage.
En Deel vun den Aarbechter aus dësem Secteur staamt aus Net-EU-Länner an huet iwwer Jore schwaarz an ouni Aussicht op eng Openthaltsgeneemegung geschafft. Verschiddener si mat hirer Famill hei, hir Kanner ginn an eis Schoul. Well si och fir de Rescht vun hirer Famill am Heemechtsland mussen opkommen, si si bereet, bei eis fir en Hongerloun ënner onmënschlechen Aarbechtskonditiounen ze schaffen. Wei kënne meng Kanner an ech iwwerliewen ouni Akommes? Wéi soll meng Famill am Heemechtsland ouni meng Ënnerstëtzung eens ginn? Froen, déi dës Mënschen all Dag bedrécken. Do kann een nëmme begréissen, wann d’Zivilgesellschaft spontan bereet ass, hinnen ze hëllefen. Esou goufen zum Beispill d’Epiceries sociales fir si zougänglech gemaach.
Tëscht Abrëll a Juli dëst Joer goufen am Kader vun enger Hëllefsaktioun 253 Leit ouni Pabeieren, dorënner 69 Kanner, ënnerstëtzt. D’Openthaltszäit vun deene Leit louch am Duerchschnëtt bei 3 bis 4 Joer, 9 Stéit liewe schonns zanter méi ewéi 10 Joer ouni Pabeieren hei bei eis! Bedenklech Zuelen! Trotzdeem gëtt kaum iwwer dës Aarbechter vun der groer Ekonomie geschwat!
Well si net vum Patron deklaréiert ginn, bezuele vill vun dëse Leit fräiwëlleg an eis Gesondheetskeess an. Mä wéi solle si dat elo ouni Akommes nach maachen? Dofir sollt d’Abezuele vun de Kotisatiounen elo mol agefruer ginn, da bleiwen d’Leit wéinstens krankeverséchert, och wa se tëschenzäitlech net cotiséieren.
An Zäite vu Pandemie muss massiv getest ginn! Mënschen ouni legalen Openthalt liewen dacks mat aner Leit zesummen op enkstem Raum, ënner onwierdegen Ëmstänn a sinn dofir engem héijen Ustiechungs- an Iwwerdroungsrisiko ausgesat. Si trauen sech net an eng medezinesch Kontroll, well si sech do mussen ausweisen. Ëmsou méi pertinent a begréissenswäert ass et, datt elo e medezineschen Zentrum fir Leit mat Symptomer ageriicht gouf, wou ee gratis ouni Ordonnance médicale kann higoen.
Dës Migranten ouni Pabeiere sinn an Europa komm fir ze schaffen. Dacks kommen dës Mënschen aus Latäinamerika an heiansdo sinn et Flüchtlingen, deenen de Statut net zougesprach gouf. A souguer wa si eng Aarbecht bei eis fannen, kréien se keng Openthaltsgeneemegung, well eist Gesetz ganz streng Prozedure virgesäit.
De Covid trëfft eis definitiv net all d’nämmlecht a riskéiert an Zukunft nach méi Leit an dës Situatioun ze stierzen. Lëtzebuerg muss sech entscheeden: Wëlle mer weider d’Ausnotzung an d’Precaritéit ënnerstëtzen oder deene Sans-papiers, déi wëllen hir Existenz hei opbauen an effektiv eng Aarbecht fonnt hunn, de Wee an d’Legalitéit erméiglechen?