Black History Month gaangen. Eng Initiativ, déi viru bal 100 Joer an d’ Liewe geruff ginn ass vun engem Amerikaneschen Historiker. De Carter Woodson gëllt als de Papp vun der Afroamerikanescher Geschicht, hien huet sech dru gestéiert, dass an de Geschichtsbicher ëmmer just déi wäiss Perspektiv duergestallt gouf. Och hätten schwaarz Perséinlechkeeten aus allen Secteure vun der Wëssenschaft, iwwert de Sport oder och der Kultur manner Unerkennung kritt wéi wäiss Mënschen. Dowéinst huet hien 1926 d’ Negro History Week organiséiert. Eng Woch am Februar wou de Narrativ aus Sicht vun Afrodescendante méi an de Fokus soll kommen. Engersäits sollen negativ Eventer opgeschafft ginn, mee awer och positiv Saachen, wéi besonnesch Perséinlechkeeten ervir gehuewe ginn.

Translate...