
Um 1. Januar 2025 hat Lëtzebuerg 682.000 Awunner. 1,5 Prozent méi wéi dat Joer virdrun. E Bevëlkerungswuesstem, deen haaptsächlech op Migratioun zeréckzeféieren ass. 2024 sinn 9.300 Mënsche méi a Lëtzebuerg agewandert wéi der fortgaange sinn. Mir sinn a bleiwen en Immigratiounsland an d’Auslänner – Awanderer a Frontalieren – sinn d’Fundament vun eiser ekonomescher Entwécklung. Mee leider ass de legalen Zougang zu eisem Aarbechtsmaart nach laang net dee selwechte fir jiddereen, mengt Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.
*les propos de cet article engagent exclusivement l’auteur et ne reflètent pas forcement la vision de l’ASTI