Haut um internationalen Dag vun de Flüchtlinge war d’Laura Zuccoli vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot eis Invitée vun der Redaktioun.
Hei an Europa si vun de 450 Milliounen Awunner just 1,5 Prozent Refugiéen. « Mir sinn net iwwerschwemmt », esou d’Laura Zuccoli. Dat wier dat Bild, wat d’Leit dacks an de Käpp hätten, mee dat wier awer net de Fall. An Europa géing et virun allem vill ekonomesch Migrante ginn, déi legal mat engem Visa areesen an dann eng Aarbecht sichen. Mee fir déi wier et extreem schwéier, eng Autorisation de séjour ze kréien. Et wier verpasst ginn, méi legal Awanderung z’erméiglechen an eng richteg gemeinsam Migratiounspolitik op d’Been ze stellen.