
D’Pensiounsreform, iwwer déi zu Lëtzebuerg am Moment intensiv geschwat gëtt, soll laangfristeg Léisunge fir déi nächst Joerzéngte bréngen. An deem Zäitraum wäerten am Grand-Duché definitiv vill méi Auslänner a Frontaliere vun enger Pensioun profitéiere wéi Lëtzebuerger. Mee aus deenen hirer Perspektiv gëtt dës eminent wichteg Reform kaum bis guer net an der Ëffentlechkeet debattéiert, fënnt am Fräie Mikro d’Biergerrechtlerin Laura Zuccoli.
*les propos de cet article engagent exclusivement l’auteur et ne reflètent pas forcement la vision de l’ASTI