Eng breet Biergerbedeelegung, Opwäertung vun der Chamber, manner Afloss fir Lobbien an Eenzelinteressen…: wou sti mer, wuer wëlle mer hin?
Dënschden, de 27. Mäerz 2018, um 20.00 am Oekozenter Pafendall 6, rue Vauban am Pafendall
An engem liewege Forum, wou jiddereen seng Meenung soe kann, wëlle mir eis iwwert esou grondsätzlech Froen vun der Demokratiegestaltung aus eisem Land austauschen: jiddereen ass wëllkomm! Als „einfache Bierger“; als Aktiven an der Politik, enger Organisatioun, als Journalist, als Jugendlechen, dee méi Geheier wëll fannen….
Um Ufank vum Forum wäerten 4 Leit aus hirem Bléckwénkel kuerz hier Siicht als Input fir den Owend duerleeën. Ageluede sinn: Alex Bodry, Deputéierten; Raymond Klein, Journalist; Renée Wagener, Historikerin; Laura Zuccoli, Presidentin ASTI. No dësem Input, soll et eng lieweg Diskussioun mat alle Leit sinn.