« Schiidsgeriichter net aus Handelsverträg eraushuelen » – 100komma7

En Donneschdeg hunn zu Bréissel déi zoustänneg Ministeren op en Neits iwwer d’Ëmverdeelung vun de Refugiéen an der Europäescher Unioun diskutéiert. Vun den 160.000 Flüchtlingen, déi uechter Europa verdeelt solle ginn, sinn der bis elo just 11.000 relokaliséiert ginn.

Et wier schwéier ze verstoen, datt eng Rei vu Länner weider refuséieren, Flüchtlingen opzehuelen, seet den Ausseminister Jean Asselborn. « Dat ass anti-Europäesch a mécht Europa futti. »

Dat kéint net sou weider goen, « well soss diktéieren déi, déi géint Europa sinn, wou et hi geet », sou de Jean Asselmborn. Op d’Fro, wéi een elo Drock op déi Länner kéint ausüben, weist hien op d’Finanzperspektiven hin. Op dee Moment, « wann et em d’Verdeele vun de Struktur- oder anere Fongen geet. » Hie wier eigentlech net dofir. « Solidaritéit kann een net eleng duerch Sue miessen. Dat ass eng Astellung déi een entweder huet oder net. A wann ee se net méi huet, da gëtt et schwéier fir an deem Veräin ze bleiwen », sou de Jean Asselborn.

 

© 100komma7 19.05.2017 : Liesen