Séance anniversaire – Témoins de la 2ième générations a.s.b.l

Heimatt luede mir Iech an op d’Séance anniversaire, déi mir am Kader vun der 20. pädagogescher Auschwitz-Rees vun Témoins de la 2e Génération a.s.b.l. organiséieren,

den Donneschdeg, 2. März ëm 19.00 Auer an der Stad am Kolléisch.

 

Zu dëser Geleegenheet hällt och de Georges Bensoussan e Virtrag mam Titel „Shoah. Une mémoire pour temps difficiles“.
Ausserdem gëtt d’Buch „As I Walk in Your Shoes“ virgestallt, matt Fotoë vum Olivier Bouton a Gedichter, déi Schüler 2016 an engem Atelier zu Oswiecim geschriwwen hunn. Och den Uelzechtkanal presentéiert Resultater vun engem Atelier.

 

 

Jidfereen ass wëllkomm, den Entrée ass fräi. Mir géifen Iech bieden, Iech iwwert eisen Online-Formulair unzemelden:  http://bit.ly/2kaOkMV oder iwwert eise Site www.temoins.lu

 

Mei Informatiounen :